Title Here
Kontakt

Home
Eischt Fotoen
Babylëscht
 
  Hallo,

Mäi Bridderchen, de Sam, ass elo endlech do. Hien ass den 18. Dezember um 6 Auer 14 an der Maternité op d'Welt komm. E wor 1 cm méi kleng wéi ech mat 52 cm, duerfir awer e Stéckchen méi schwéier mat 3740 gr.

Eiser Mama geet et och gutt, sie ass frou, dat mäi klenge Bridderchen endlech do ass. Mäi Papa och direkt déi éischt Fotoen vun him online gesat.

Mëttlerweil, huet hien sech schonns ganz gutt bei eis ageliewt an ech si richteg frouh mat him. Méi Fotoe kommen demnächst.

Wien him oder mir eng kleng Freed wëll maachen, kann op d'Babylëscht kucke goen, an dat eent oder anert kafen :)

Noé


 
 
© 2008 by Steve Tibold